Mat eis as alles méiglech, just wéi Dir ët gären hätt.

Mir kënnen eis ganz ëm den Bau vun ärer Piscine DEJOYAUX këmmeren, vun der Visite vun ärem Besëtz bis dass Waasser kann an ären Pool geloss gin. Mat soss kengen Zwëschenleit wéi eisem Professionnalismus réaliséieren mir ärt Investissement an der Zäit an natiirlech an der Qualitéit wéi Dir ët gären hätt.

Eng aaner Méiglechkeet ass den Kaaf vum Kit vun der Piscine mat eiser technescher Ënnerstëtzung.
Mir liweren Iech déi néideg Dokumentatioun (Buch, Videokassette, ...) an mir kommen regelméisseg bei Iech laanscht wann Dir selwer är Piscine installéiert. Mir bekëmmeren eis allerdengs ëm den hydrauleschen an elektreschen Uschloss vum Filtersysteme an ëm d’Ubrengen vun der Auskleedung. Dat verlaangt déi néideg handwierklech Kenntnisser.


Wann Dir keng Zäit hutt fir den Wanter- oder Summerënnerhalt ze maachen, proposéieren mir Iech een „Contrat de maintenance“, ... an Dir braucht Iech ëm näischt ze këmmeren.



Abi Piscines S.A. : Rue d'Ospern,  2 Redange sur Attert, L-8508 - Luxembourg  - Fax. : + 352 23 62 94 69   servaisr@abipiscines.lu